Aktivitéite fir Institutiounen
An enger Zäit, wou villes ëmmer méi séier geet, bidden d’Momenter an der Natur eng wichteg Paus, e Raum fir ze ootmen, ze entdecken an einfach ze sinn.
SaMo bitt fir Institutiounen, déi mat Kanner, Jugendlechen oder Erwuessene schaffen, Aktivitéiten un, déi d’Natur erëm méi no bréngen. Zesumme gi mir eraus, an d’Wisen, an de Bësch, op d’Feld, an de Park,… an entdecken d’Wonner vun eiser Ëmwelt mat all eise Sënner. D’Kanner, déi Jugendlech an déi Erwuesse kënne beobachten, staunen, kreéieren, entdecken an d’Natur als Frënd a Liewensraum erliewen.
D’Aktivitéite kënnen bei iech op der Plaz stattfannen oder op enger ofgemaachter Naturplaz, déi zum Grupp an zum Thema passt. All Offer gëtt individuell un d’Besoine an d’Interessi vun der Institutioun a vum Grupp ugepasst, egal ob et ëm Bewegung, Rou, Kreativitéit oder Zesummenhalt geet.
All Ufro w.e.g. per Mail iwwert info@samo.lu oder iwwert Telefon um 621 63 79 87
