Ernärung
Eng gesond Ernärung spillt eng entscheedend Roll fir d’Gesondheet vum Mënsch. Ausgeglache Moolzechte mat vill frëschem Geméis, Friichten, Vollkornproduiten a gesonde Proteinnen ënnerstëtzen net nëmmen d’Entwécklung vum Kierper, mee stäerken och d’Immunitéit an d’Konzentratiounsfäegkeet. Ze vill Zocker, ongesond Fetter, souwéi och Fäerdegproduiten a Fast Food kënnen d’Energie an d’Wuelbefannen negativ beaflossen a laangfristeg zu Gesondheetsprobleemer féieren. Eng bewosst Ernärung vun Ufank un hëlleft Kanner a Jugendlechen e gesond Verhältnis zu Iessen ze entwéckelen a fit an aktiv ze bleiwen.
Trotz allem ass et immens wichteg, dass mam gesonden Iessen net d’Loscht um Iesse geholl gëtt. Et ass essenziell fir mat de Kanner a Jugendlechen zesumme Menuen ze erstellen, déi si gär hunn. Ausserdem däerf een net vergiessen, dass Tabuen oft zum Géigendeel féieren, an een éischter op de Wee vum Equiliber goe soll.