Formatiounen fir den non-formale Secteur

Beschreiwung an Umeldung
Warum sollten Sie sich einschreiben?
An dëser Formatioun kriss du konkret, Iddien ugebueden, fir mat de Kanner dobausse aktiv ze ginn: Kräider entdecken, ee klenge Gaart uleeën, mat Naturmaterialien bastelen oder Déierspure fannen. Du léiers, wéi’s du d’Natur mat alle Sënner erliewe kanns a wéi’s de d’Kanner dozou inspiréiers, d’Ëmwelt mat Freed, Virwëtz a Respekt ze entdecken. Mat einfache, prakteschen Aktivitéiten hues du dono vill frësch Iddien fir den Alldag.
Nach dieser Fortbildung, sind Sie in der Lage :
Konkret Spiller & Aktivitéiten dobaussen
Ideeë wéi een d’Kanner beim Naturerliewe begleeden a sensibiliséieren kann
d’Naturmaterialien kreativ notzen – d’Déierewelt mat de Kanner entdecken
d’Wichtegkeet vun eise 5 Sënner an der Natur erkennen
Methoden
kuerz Theoriedeeler
Gruppenaarbechten
Gruppespiller, -übungen, -atelieren
Austausch, Diskussiounen
Reflexioun
Sonstiges
D’Formatioun fënnt, och bei schlechtem Wieder, zu engem groussen Deel dobausse statt. Wiederugepasste Kleeder sinn e Muss.

Beschreiwung an Umeldung
Warum sollten Sie sich einschreiben?
Dës Formatioun bréngt iech praktesch Iddien, wéi Kanner sech dobausse mat Freed beweege kënnen – spontan, ouni grouss Virbereedung oder Material. Dir entdeckt Spiller, Übungen an nei Perspektiven op d’Natur. Mir kucken zesumme wat Kanner brauche, fir sech dobausse wuel ze fillen, a wéi dir dorop agoe kënnt. Beweegung, Entdeckung a Spaass stinn am Mëttelpunkt!
Nach dieser Fortbildung, sind Sie in der Lage:
spontan Aktivitéiten an der Natur unzebidden
d’Natur bewosst ze notzen
op d’Besoinen vun de Kanner anzegoen
Naturaktivitéiten an den Alldag vun ärer Maison Relais ze intégréieren
wësse wéi d’Natur d’Entwécklung vum Kand op ville Niveauen ënnerstëtzt
Methoden:
kuerz Theoriedeeler
Gruppenaarbechten
Austausch / Diskussiounen
Praxisübungen, -spiller, – Aktivitéiten
Reflexioun
Sonstiges:
D’Formatioun fënnt, och bei schlechtem Wieder, zu engem groussen Deel dobausse statt. Wiederugepasste Kleeder an fest Schung sinn e Muss.

Beschreiwung an Umeldung
Warum sollten Sie sich einschreiben?
D’ Natur bitt Kanner villfälteg Méiglechkeete fir d’Léieren, d’Entwécklung an eng fräi Beweegung. An dëser Formatioun entdecke mir, wéi déi natierlech Ëmwelt gezilt fir d’Motorik, d’Sënneserfarung, d’Konzentratioun an d’sozial Kompetenzen genotzt ka ginn. Dir léiert, eng inspiréierend a natierlech Léierëmwelt ze schafen, déi d’Kand a senger Entwécklung ganzheetlech ënnerstëtzt D’Zil ass et, d’Verbindung tëschent Kand an Natur ze stäerken an d’Motorik, Kreativitéit an d’Sënner op spilleresch Aart ze fërderen.
Nach dieser Fortbildung, sind Sie in der Lage :
Motorikfërderung duerch natierlech Beweegungsaktivitéiten
Ideeë fir Spiller a Bewegungsparcours mat Naturmaterialien
Kreativ bauen a bastele mat Naturmaterial
Kanner op eng natierlech Aart a Weis begleeden a fërderen
D’Natur als Spill- a Léierraum kennen an notzen
Methoden
kuerzen theoreteschen Input
Gruppenaustausch – Gruppenaarbechten
Praktesch Übungen, Spiller, Atelieren,…
Reflexioun
Sonstiges
D’Formatioun fënnt, och bei schlechtem Wieder, zu engem groussen Deel dobausse statt.
Wiederugepasste Kleeder a fest Schung sinn e Muss.

Beschreiwung an Umeldung
Warum sollten Sie sich einschreiben?
Dës Formatioun vermëttelt praktesch Iddien a Spiller, déi d’Kanner am Fräien erliewe kënnen – an dat mat engem Fokus op de plurilinguellen Aspekt. D’Zil ass et, d’Natur nei ze entdecken, natierlecht Material kreativ ze notzen a Sproochen op eng spilleresch Aart an d’Ëmweltaktivitéiten anzebannen. Mir stäerken d’Sproochentwécklung, d’Verbindung zur Natur an d’Kreativitéit vun de Kanner.
Nach dieser Fortbildung sind Sie in der Lage :
D’Méisproochegkeet gezilt an Alldagsaktivitéite mat abannen
Kanner an hirem natierleche Sproocheräichtum valoriséieren
D’Natur als léierräichen Entwécklungsraum verstoen
Methodesch Tools a Spiller kennen
Wësse wéi d’Natur d’Entwécklung vum Kand op ville Niveauen ënnerstëtzt
Methoden
Kuerz Theorie-Momenter, Praktesch Spiller, Übungen, Atelieren… (learning by doing), Geschichten erzielen, Gruppenaarbechten an –austausch, Reflexioun…
Sonstiges
D’Formatioun fënnt, och bei schlechtem Wieder statt, zu engem groussen Deel dobausse statt. Wiederugepasste Kleeder sinn e Muss.

Beschreiwung an Umeldung
Warum sollten Sie sich einschreiben?
Dës Formatioun bréngt dir Inspiratioun fir d’Natur bewosst an aktiv an däin Alldag anzebannen. Mat ville praktesche Beispiller, Spiller a kreativen Iddien, entdecke mir wéi Kanner sech dobausse bewege, léiere, spillen a staark Bezéiunge mat der Natur opbauen. Mir léieren Naturmaterialien kreativ ze notzen an d’Ëmwelt mat alle Sënner z’erfuerschen.
Nach dieser Fortbildung, sind Sie in der Lage :
déi nei Verbindung zur Natur bewosst an de Crèchenalldag integréieren
spontan, mat den Naturmaterialie schaffen (ouni grouss Virbereedung)
wësse wéi d’Natur d’Entwécklung vum Kand op ville Niveauen ënnerstëtzt
Repertoire u Spiller/Aktivitéiten
Naturraum als Léierraum notzen
Methoden
kleng Theorie-Inputs
Praktesch Spiller, Übungen, Atelieren…
Gruppenaarbechten
Gruppenaustausch
Reflexioun
Sonstiges
D’Formatioun fënnt, och bei schlechtem Wieder, zu engem groussen Deel dobausse statt. Wiederugepasste Kleeder sinn e Muss.
