Projeten
Mat engem ganzheetlechen Usaz bitt SaMo laangfristeg Projete fir Schoulen, Institutiounen, etc un, déi mat Kanner, Jugendlechen oder Famillje schaffen.
Bei Spiller, Aktivitéiten, Workshops an Diskussiounen hunn d’Kanner an déi Jonk d’Méiglechkeet sech ze entfalen, auszeprobéieren, ze entdecken a sech an hier Emgéigent kennenzeléieren. Si kréien d’Méiglechkeet fir Feeler ze maachen a fir Neies auszeprobéieren. Zesumme mat de Kanner an de Jugendlechen gëtt de Projet zu engem liewege Ganzen.
Bei de Projeten geet et drëms, dass Kanner a Jugendlecher an enger Zäit, an där d’Beweegung ëmmer méi rar gëtt, nees Freed un de kierperlechen Aktivitéite kréien.
Et ass immens wichteg, dass mir nees eraus an d’Natur ginn a se kennen a respektéiere léieren. D’Natur huet immens vill positiv Effekter op eis Gesondheet an et gëtt Zäit, dass mir nees no hier kucken, an awer och no der Gesondheet vun de Kanner an de Jugendlechen.
Wann dir interesséiert sidd an ärer Institutioun e Projet zu den Themen Natur, Beweegung an/oder Ernärung unzebidden, da sidd dir bei SaMo op der richteger Plaz.
Projet: Dat deet gutt!
Ganzheetlech Gesondheet, Wuelbefannen an Zefriddenheet bei Kanner a Jugendlechen