Aktivitéitskalenner
Hei fënns du all d’Aktivitéiten.
Du kanns dech awer och gär melle fir eng personaliséiert Ufro vun enger Aktivitéit

Kannergebuertsdag🎈
En entspaanten, entdeckungsräiche, spannende Gebuertsdag mat denge Frënn an der Natur
Datum: Op Ufro
Méi Infos
E Gebuertsdag voller Naturerliefnisser!
Sichs Du no enger spezieller Iddi fir e Kannergebuertsdag, deen d’Kanner nach laang am Kapp behalen? Da bass Du bei SaMo genee richteg!
Hei feiere mir de Gebuertsdag an der Natur – eppes ganz Besonnesches fir Kanner vu 4 bis 12 Joer. Mat vill Freed um Entdecken, kreatiivt Schaffen an Naturhandwierk ginn d’Kanner op eng Rees duerch d’Natur geschéckt, wou et allerhand Spannendes z’erliewe gëtt.
Wat erwaart d’Kanner?
– pädagogesch Spiller, Entdeckungen an Aktivitéiten an der frëscher Loft
– Kreatiivt Schaffen mat Naturmaterialien
– Naturhandwierk fir selwer eppes mat Heem ze huelen
– Eng Zäit voller Spaass, Fantasie a Beweegung
– Bei spezielle Wënsch bezüglech der Aktivitéit kënnt dir mech gär kontaktéieren
Präiss:
200€ fir 2 Stonnen
Unzuel u Kanner:
4-6 Joer: Maximum 6 Kanner
7-12 Joer: Maximum 8 Kanner
Kënnt eng erwuesse Persoun mat Opsichtspflicht mat, kann d’Unzuel u Kanner erhéijt ginn. Dëst muss am Viraus ugefrot ginn.
Maach aus dengem Gebuertsdag e flott Erliefnis an der Natur, wous du net just Spass hues, mee och eppes léiers an dech fräi entfalte kanns!
Fro elo däi Wonschdatum un – ech freeë mech op dech!
Ufro

Gekrabbels a Gespills
Fräit Spillen am Bësch. Entdecken an Erfuerschen fir déi Klengst
Datum: Freides, den 22. Mee
Fir Kanner vun 18 Méint bis 3 Joer
Méi Infos
Sidd Dir bereet fir eng kleng Auszäit an der Natur, wou Äert Kand d’Welt a sengem eegenen Tempo entdecke kann?
D’Kanner kréien den néidege Raum an e puer kleng Impulser, fir fräi an der Natur ze spillen. Ob beim Erfuersche vu verschiddenen Texturen an der Natur-Schatzkëscht oder beim kreative „Kachen“ an der Bësch-Kichen – d’Kanner decidéiere selwer, wou hir Virwëtz se hiféiert.
Wärend d’Kanner ënner Uleedung an a Sécherheet d’Natur mat all hiere Sënner entdecken, hutt Dir als Elteren d’Geleeënheet fir en entspaanten Austausch. Hei ass Plaz fir Gespréicher, nei Bekanntschaften a fir einfach emol déif duerchzeotmen.
Wéini?
22. Mee 2026
10h-11.30h
Fir wien?
Kanner vun 18 Méint bis 3 Joer
Präiss:
15€
Wou?:
Zu Tënten
Umellen

Familljemëtten am Bësch
Haut trieden Elteren a Kanner souwuel géinteneen, wéi awer virun allem och mateneen un
Datum: Samschdes, de 06. Juni 2026
Fir Famillen mat Kanner ab 4 Joer
Méi Infos
Wien ass méi séier? Wie ka sech besser verstoppen? Wie schläicht esou lues wéi d’Réi? Haut trieden Elteren a Kanner souwuel géinteneen, wéi awer virun allem och mateneen un, bei enger Rei klenger, lëschtege Spiller am Bësch, wou d’Natur selwer eis Spillplaz ass! Mir lauschteren, schläichen, sichen, sprangen a laachen, a benotzen dat, wat mir am Bësch fannen: Äscht, Blieder, Steng, Fantasie an eng Portioun Teamgeescht. Bei all Challenge geet et net drëm ze gewannen, mee zesumme Spaass ze hunn, de Bësch ze erliewen an als Famill flott Momenter ze verbréngen. Um Enn si mir all Gewënner, mat roude Baken, engem grousse Laachen an engem Häerz voll Natur
Wéini?
Samschdes, den 06. Juni 2026
vu 14-17 Auer
Fir wien?
Fir Famille mat Kanner ab 4 Joer
Wou?
Am CNF Mirador zu Stengefort
Präiss:
GRATIS
Umellen iwwert environnement.public.lu

Mir ginn eis op de Geescht
Ee Moment fir Jugendlecher mat hieren Elteren – ganz ouni Drock
Datum op Ufro
Méi Infos
Zäit fireneen – eng kreativ Naturerfarung fir Jugendlecher & Elteren
Sidd Dir prett fir eng Auszäit vum Alldag? Entdeckt zesumme mat ärem Kand d’Freed un der Natur – an d’Kraaft vum zesumme Schaffen!
Egal ob Mamm, Papp oder eng aner wichteg Persoun am Liewe vum Jonken – dëst ass är Geleeënheet, eppes Besonnesches zesummen z’erliewen!
Wat erwaart Iech?
Gemeinsam schnëtzen, bauen, bastelen – mat Holz, Naturmaterialien a vill Fantasie.
Aktivitéiten an der frëscher Loft, déi Kreativitéit, Teamwork a Spaass verbannen.
Eng gemittlech a lëschteg Ambiance, wou Bezéiunge verdéift ginn an nei Saachen entstinn.
Fir wien?
Jugendlecher tëschent 12 a 16 Joer & eng erwuesse Begleetpersoun
Präiss
40€ fir 2 Stonnen
Ufro

Koppelzäit – Zäit zu zwee
Eng Naturerfarung fir Koppelen
Datum op Ufro
Méi Infos
🌿 Zäit fir Iech Zwee – Eng Naturerfarung fir Koppelen
Entdeckt eng speziell Aktivitéit fir Koppelen, déi sech nohalteg wëllen verbonnen a verstanen fillen – am Häerz vun der Natur. Gitt eraus aus dem Alldag a fuert erëm zréck bei Iech selwer – a beieneen.
Wat erwaart Iech?
- Aktivitéiten an der fräier Natur, déi zesumme Spaass maachen
- Momenter fir roueg Gespréicher an nei Verbindungen
- Entspanung an engem gemittleche, wonnerbar natierleche Kader
Dës Erfarung ass fir all Koppel, déi hir Bezéiung verdéiwe wëll – mat Zäit, Rou an Opmierksamkeet.
Präiss:
40€ / Koppel fir 2 Stonnen
Ufro
„Das habe ich noch nie vorher versucht, also bin ich völlig sicher, dass ich es schaffe.“
(Pippi Langstrumpf)
