SaMo bitt Aktivitéiten fir Kanner ab 4 Joer, Jugendlecher an Erwuessener un.

Du sichs eng Aktivitéit fir dech, deng Famill oder Frënn?

Egal ob d’Sonn schéngt, de Reen plätscht oder d’Schnéiflacken danzen – all Joreszäit huet hiren eegene Charme a bitt vill ze entdecken. D’Aktivitéiten fannen dobaussen statt: an der frëscher Loft, an der Natur, ënnert fräiem Himmel.

Ob Grouss oder Kleng – Zäit an der Natur ze verbréngen deet jidderengem gutt. Bei SaMo geet et em Entspanung nom stressegen Alldag, em spilleresch Entdeckung oder einfach em d’Freed um Dobaussesinn. Hei dierf ee mol einfach si, wéi ee wëll: kreativ, roueg oder och emol e bësse geckeg.

Mir schafen Raum a Moment fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener, fir sech selwer an hir Ëmgéigend bewosst (nei) z’erfuerschen a mat allen Sënner ze erliewen.

You cannot copy content of this page