© 2025 SaMo. Created with ❤ using WordPress and Kubio
You cannot copy content of this page
Bass du tëschent 8 an 12 Joer an hues Loscht op Abenteuer an der Natur? Da komm mat an de Bësch fir 3 spannend Stonnen, wou’s de spilleresch léiers, bastels an deng Sënner erwächen däerfs!
D’Natur entdecken
Kreativt Bastelen mat natierlechem Material
Mat alle Sënner erliewen
Schnëtzen a kleng Holzprojeten
Spaass a Gruppespiller
D’Aktivitéiten ginn dem Wieder an dem Interessi vun de Kanner ugepasst
18. Juli 2025
14-17 Auer
Präiss:
30€ pro Kand
Entdeckt eng speziell Aktivitéit fir Koppelen, déi sech nohalteg wëllen verbonnen a verstanen fillen – am Häerz vun der Natur. Gitt eraus aus dem Alldag a fuert erëm zréck bei Iech selwer – a beieneen.
Aktivitéiten an der fräier Natur, déi zesumme Spaass maachen
Momenter fir roueg Gespréicher an nei Verbindungen
Entspanung an engem gemittleche, wonnerbar natierleche Kader
Dës Erfarung ass fir all Koppel, déi hir Bezéiung verdéiwe wëll – mat Zäit, Rou an Opmierksamkeet.
Samschdes, den 12. Juli
vun 10.00 bis 12.00
zu Tënten (Helperknapp)
40€ / Koppel
Sidd Dir prett fir eng Auszäit vum Alldag? Entdeckt zesumme mat ärem Kand d’Freed un der Natur – an d’Kraaft vum zesumme Schaffen!
Egal ob Mamm, Papp oder eng aner wichteg Persoun am Liewe vum Kand – dëst ass är Geleeënheet, eppes Besonnesches zesummen z’erliewen!
Gemeinsam schnëtzen, bauen, bastelen – mat Holz, Naturmaterialien a vill Fantasie.
Aktivitéiten an der frëscher Loft, déi Kreativitéit, Teamwork a Spaass verbannen.
Eng gemittlech a lëschteg Ambiance, wou Bezéiunge verdéift ginn an nei Saachen entstinn.
Jugendlecher tëschent 12 a 16 Joer & eng erwuesse Begleetpersoun
Dënschdes, den 1te Juli
vu 17.00-19.00
zu Tënten (Helperknapp)
40€
Sichs Du no enger spezieller Iddi fir e Kannergebuertsdag, deen d’Kanner nach laang am Kapp behalen? Da bass Du bei SaMo genee richteg!
Hei feiere mir de Gebuertsdag an der Natur – eppes ganz Besonnesches fir Kanner vu 4 bis 12 Joer. Mat vill Freed um Entdecken, kreatiivt Schaffen an Naturhandwierk ginn d’Kanner op eng Rees duerch d’Natur geschéckt, wou et allerhand Spannendes z’erliewe gëtt.
– pädagogesch Spiller, Entdeckungen an Aktivitéiten an der frëscher Loft
– Kreatiivt Schaffen mat Naturmaterialien
– Naturhandwierk fir selwer eppes mat Heem ze huelen
– Eng Zäit voller Spaass, Fantasie a Beweegung
– Bei spezielle Wënsch bezüglech der Aktivitéit kënnt dir mech gär kontaktéieren
200€ fir 2 Stonnen
Maximum 6 Kanner
Kënnt eng erwuesse Persoun mat Opsichtspflicht mat, kënne maximum 8 Kanner un der Aktivitéit deelhuelen.
Maach aus dengem Gebuertsdag e flott Erliefnis an der Natur, wous du net just Spass hues, mee och eppes léiers an dech fräi entfalte kanns!
Fro elo däi Wonschdatum un – ech freeë mech op dech!