Wee sinn ech?

Dat maachen ech gär
Mam Muppes spazéiere goen
Zäit mat menger Famill verbréngen
Mountainbike fueren
Basket spillen
aktiv sinn
liesen

Kina Thill
Grënnerin vu SaMo
No méi wéi 10 Joer als Responsabel an engem Jugendhaus, hunn ech de Schratt an d’Selbststännegkeet gewot – fir endlech meng Passioun fir d’Natur & Beweegung an d’Aarbecht mat de Mënschen ze verbannen.
Mäin Häerz schléit dofir, d’Leit erëm méi mat der Natur ze verbannen, se erauszehuelen aus dem Alldag an hinnen déi kleng (a grouss) Wonner vum natierleche Liewensraum no ze bréngen.

Formatiounen
Bildung und Erziehung in der Kindheit (SRH Heidelberg) –> éducatrice graduée
Wildnispädagogin
Ernärungsberoderin
Ernärungs-a Beweegungspädagog (en form.)
Formatrice bei elisabeth – Anne asbl
Formatrice bei Arcus – focus
Guide am CNF Mirador
