Teamstäerkung an der Natur
E staarkt Team wiisst net ëmmer am Büro – et wiisst dobaussen, wou et frësch Loft, Éierlechkeet an e bëssen Dreck um Schong gëtt.
Ech bidden Teambuilding-Aktivitéiten an der Natur un, déi Spaass maachen, d’Kommunikatioun verbesseren an den Zesummenhalt am Team stäerken. Ouni PowerPoint, awer mat vill Beweegung, Liewensfreed an natierlecher Energie.
Egal ob Är Ekipp sech nei forméiert, méi Zesummenhalt brauch oder einfach eng erfrëschend Paus vum Alldag sicht – d’Natur ass déi perfekt Plaz, fir zesummen nei Erfarungen ze maachen a Vertrauen opzebauen.
Wat erwaart Iech:
– Praktesch Erausfuerderungen an der Natur, wou Zesummenaarbecht gefrot ass
– Humorvoll Momenter, déi d’Verbindungen am Team stäerken
– Reflexioun an Austausch, fir dat Geléiert an de Beruff ze transferéieren
– Flexibel Programmgestaltung, ugepasst un Är Ziler, Zäit an d’Teamgréisst.
Ech gleewen drun, datt déi bescht Erkenntnisser entstinn, wann ee sech beweegt – physesch a mental. An d’Natur bitt dofir déi ideal Kuliss: einfach, oprichteg an inspiréierend.
All Ufro w.e.g. per Mail iwwert info@samo.lu oder iwwert Telefon um 621 63 79 87
