Aktivitéiten
Zil vun Dagesaktivitéiten ass et fir de Kanner an de Jugendlechen, wéi awer och den Erwuessene flott Momenter an der Natur an/oder bei der Beweegung ze bidden.
Kanner sollen de Raum kréie fir ze erforschen an ze entdecken, fir ze spillen, ze bastelen, ze turnen a lafen – fir einfach Kand ze sinn.
Erwuessener kréien d’Méiglechket fir an enger entspaanter Atmosphär no engem stressegen Alldag erofzekommen an ofzeschalten.
Et wäerten, zesumme mat de Kanner, Jugendlechen, an Erwuessene Momenter geschaaft ginn, bei deene si sech glécklech, houfreg an/oder zefridde fillen. Si kréien d’Méiglechkeet aus der alldeeglecher Hektik erauszekommen an an der Natur eng Paus ze fannen.
Sidd dir interesséiert fir Detailer iwwert méiglech Aktivitéiten ze kréien, dann zéckt net iech ze mellen.

Feier maachen
Schnëtzen
Outdoor Kichen
Kräider a Planzen
Beweegungsspiller
a villes méi
Fotoen






