1. Organisator
D’Aktivitéite ginn organiséiert vum:
Kina Thill
Salus Motus
CCS Am Lëtschert
Am Lëtschert
l-8711 Boevange-sur-Attert
2. Umeldung
D’Umeldung muss schrëftlech oder iwwer e Formulaire erfollegen.
Eng Umeldung gëllt als verbindlech.
D’Plazen si limitéiert; d’Reegel „first come, first served“ gëllt.
No der Umeldung gëtt eng Bestätegungsemail erausgeschéckt.
3. Bezuelung
De Präis gëtt beim Umeldungsformular uginn.
De Montant muss bannent 5 Deeg no der Confirmatioun iwwerwisen ginn.
Am Fall vun Net-Bezuelen behält sech den Organisateur d’Recht vir, d’Plaz un een anere weiderzeginn.
4. Annulatioun / Récktrëtt
Bis 7 Deeg virun der Aktivitéit kann de Client d’Akitivitéit gratis annuléiert.
Duerno gëtt 50 % vum Betrag verrechent.
Ouni Ofmelle gëtt kee Remboursement gemaach.
Den Organisator kann eng Aktivitéit 7 Deeg am Viraus ofsoen, wa sech net genuch Leit ugemellt hunn. Eng Aktivitéit ka spontan ofgesot ginn, wann den Organisator krank ass, oder d’Wiederkonditiounen d’Aktivitéit net zouloossen (Donnerwieder oder Stuerm). An dëse Fäll gëtt de Montant rembourséiert an en alternativen Datum proposéiert.
Schlecht Wieder, ouni Sécherheetsrisiko ass kee Grond fir eng Ofso.
5. Responsabilitéit & Sécherheet
All Participanten mussen d’Uweisunge vum Begleeder respektéieren.
D’Participatioun geschitt op eegene Risiko a Verantwortung.
Fir Kanneraktivitéite musse legal Vertrieder schrëftlech zoustëmmen.
6. Versécherung
De Participant ass responsabel fir seng eege Accident- a Responsabilitéitsversécherung.
D’Organisateure kënnen net haftbar gemaach ginn bei Accidenter, Verletzungen oder Verloschter.
7. Fotoen a Medien
Wärend den Aktivitéite kënne vum Organisator Fotoe gemaach ginn.
Dës kënnen fir Publikatiounen (z. B. op Social Media oder Flyer) benotzt ginn.
Wanns du domat net averstane bass, da mell dech w.e.g. schrëftlech, virun der Aktivitéit.
You cannot copy content of this page