

Freides owes, wann d’Woch hannert eis läit, treffe mir eis am Bësch fir zur Rou ze kommen. BëschRou ass eng Aktivitéit fir Erwuessener, déi sech eng bewosst Paus wëllen huelen – wäit ewech vum Alldagsstress.
Wat erwaart Iech?
Zesumme maachen mir einfach Übunge fir de Kapp ofzeschalten, lauschteren op d’Stëmm vum Bësch a seng Vullen, beweegen eis mat rouege Schrëtt duerch d’Natur an huelen eis Zäit fir kleng praktesch Aktivitéiten, wéi Schnëtzen, déi d’Hänn beschäftegen an de Geescht berouegen.
Et geet net dorëms eppes ze erreechen, mä ëm einfach do ze sinn – an engem geschützte Raum, wou jidderee kann ukommen an neien Otem fannen.
Fir wien?
Fir all Erwuessener, déi sech no Rou, Natur a bewosstem Entspanen spieren.
Wéini & Wou?
Freides, den 1ten August
vu 17.30-19.30
zu Tënten (Helperknapp)
Präiss
20€
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.